You got Questions, We got answers!
When?
05/05/2024
Start: 07:00
End: 17h00
Where?
Fussballsterrain "Um Haf"
Harel, Lëtzebuerg
Anything else?
-
Limited parking spaces on-site. Consider carpooling
-
Showers and bike wash
TOMBOLA
TOMBOLA
XTRA MTB
Leif ATHLETEN,
Mir si frou Eech matzedeelen, datt mir dëst Joer erëm eng Tombola exklusiv fir d'Participanten organiséieren. Spannend Präisser erwaarden Eech, weider Detailer iwwer dës super Kaddoe gi méi spéit hei annoncéiert. Kommt laanscht, maacht mat a fuerdert äert Gléck raus fir puer flott Präisser ze gewannen! Vill Gléck!
Additionally, we have a raffle exclusively for mountain bike participants. Thanks to our partner LuxBikes for their support.
-
Mio Cyclo 215 HC
-
Macro Drive 1300XXL
-
Morgan Cleaning Set
WOOOW
Please note that only those present can participate.
THIS is fribu Paths
Erlieft déi perfekt Kombinatioun vun Abenteuer, Natur an eis gutt markéierte Strecken! Mountainbike Strecken vu 16 bis 75 Kilometer a Wanderweeër vu 6 bis 15,5 Kilometer waarden op Eech.
Genéisst net nëmmen déi atemberaubend Landschaft ënnerwee, mee och eng lecker Erfrëschung fir Är Energiereserven opzefëllen. An ob der Arrivée fir alles ofzeschléissen, waart op Eech ee Gaumenschmaus: freet Eech op en hausgemaachte Burger fir Ären Dag perfekt ofzeschléissen.
Maacht mat bei dësem eenzegaartegen Outdoor Abenteuer op gutt markéierte Weeër a mat engem kulinaresch Oofschloss - en Dag dee laang an der Erënnerung wäert liewen!
Early-Birds! Déi éischt 200 Participanten kommen an de Genoss vun engem gratis Kaffi a Croissante. Heimadder wëlle mir Eech Merci soen, dass dir motivéiert sidd sou frei un dësem Event deel zehuelen. Bis dann!
Dëst Joer probéieren mir een neie Projet. Dir hutt d'Fräiheet Är eege Strecken ze kreéieren, sou wéi Dir dat gewinnt sidd mat der Burgerkaart. Dëst erlaabt Eech Strecken zesummenzestellen déi entweder kuerz an technesch, laang a manner technesch sinn, oder eng Kombinatioun vun deenen zwee. D'Flexibilitéit ass fir är Skillz un d Streck unzepassen an dobäi Spaass ze hunn.
FOLLOW THIS SIGN
Dësem Schëld muss dir nofueren/nogoen, da kommt dir um Ziel un. Donieft kann et awer och mat der Spraydous um Buedem oder mat Flatterbännchen markéiert sinn.
INGREDIENTS - Mountain biKE
Basic
Des 16 km Streck, obligatoresch fir jidereen, enthält manner technesch Sektiounen, mat Bierg op an Descentë bitt dësen Tour eng ofwiesslungsräich Vëloserfahrung.
Physical 1/5
Technical 1/5
add your extensions as you want
Des 16 roullant Kilometer si manner technesch an domadder perfekt fir ären Tour ouni ze vill technesch Passagen ze verlängeren.
Physical 2/5
Technical 2/5
Sammelt Héichtemeter a genéisst déi wonnerbar Vue op de Stauséi a rullt iwwer schmuel Trails.
only in combination with:
Physical 3/5
Technical 3/5
Zousatz fir de Mauven Tour, gepräägt duerch d'Kuliss wou dir no um Waasser fuert an den technesche Passagen.
Physical 4/5
Technical 5/5
Genéisst d'Ambiance vum Waasser ob ärer Rees, belount Iech selwer no enger flotter Montée mat enger schéiner usprochsvollen Descente.
Physical 4/5
Technical 5/5
Our Suggestions - Mountain biKE
"De Klassiker"
35km 830Hm
"De Flotten"
59km 1530Hm
"Den Einfachen"
32km 685Hm
E-Bike Suggestion
"Den Harden"
75km 1910Hm
Custom Creation
+
?
?
?
?
Wielt Är Bouclen a kombinéiert se wéi Dir wëllt. Gring ass obligatoresch. Déi aner kënne dir wiele wéi Dir wëllt.
MTB PATHS
WALKing
RUNNING
Wëllkomm, Wanderer! Mir si begeeschtert datt Dir un eis Touren interesséiert sidd. Macht Mundpropaganda bei Äre Frënn. Mir verspriechen Iech d'Schéinheet vun der Natur nieft engem kulinaresche Genoss ënnerwee ze bidden.
De Wanderwee geet a Richtung Tarchamps, a wat de gewielte Wee méi laang ass, wat e méi duerch de Bësch verleeft. Als Zousatzinfo, wëlle mir Eech matdeelen, datt all Weeër mat engem Off-Road Buggy zemaache sinn. A wann Dir wëllt, kënnt dir d'Strecken och lafen. Bréngt ären Hond gären mat; awer haalt dësen an der Léngt wegl.
6km
117Hm
12km
236Hm
15.5km
313Hm
Ënnerwee waart 1 Ravi ob Eech.
Leider musse mir Eech matdeelen datt déi 17 km Distanz wéi am Flyer beschriwwen net machbar ass. Déi revidéiert Distanz wäert 15,5 km sinn. Mir entschëllegen dofir an hoffen Dir genéisst trotzdeem nach ëmmer d'Evenement.
Och dëst Joer, kenne mir Eech leider keen Trail beim Stau ubidden. Mir verspriechen Eech awer, dass dëst an eisem Planning ass fir an Zukunft. Enner anerem ass dëst wéinst enger Baustell net méiglech.
WALK-PATHS
PARKING
Mir hu limitéiert Parkplazen zur Verfügung, respektéiert w.e.g. d'Ëmwelt a verzicht op egalwou Parken. Detailer iwwer Parkméiglechkeete komme spéider hei no. (Kommt zréck a kuckt Eech dat u bevir dir kommt!)